Nationalen Toundokument Regëster (USA)

Vu Wikipedia

Den Nationalen Toundokument Regëster, oder National Recording Registry, ass eng US-amerikanesch Lëscht vun Toundokumenter déi wéinst kulturellen, historeschen oder esthetesche Grënn wichteg sinn an/oder d'Liewen an de USA reflektéieren oder eppes doriwwer aussoen.

Déi Lëscht gouf op Grond vum National Recording Preservation Act am Joer 2000 opgestallt, duerch deen et zu engem National Recording Preservation Board koum, deem seng Membere vum Chef vun der Library of Congress ernannt ginn.

Et ass 2002 mam Opstelle vun där Lëscht ugefaange ginn, an all Joer solle 50 Dokumenter derbäikommen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]