Nationalpark Khao Sam Roi Yot
Ausgesinn
|
| |
| Lokalisatioun | |
|---|---|
| Land | Thailand |
| Koordinaten | 12°10'57"N, 99°56'54"O |
| Ugeluecht | 28. Juni 1966 |
| Fläch | 98,08 km² |
|
| |
Den Nationalpark Khao Sam Roi Yot (Thai: อุทยานแห่งชาติเขาสามร้อยยอด) ass en Nationalpark an der Provënz Prachuap Khiri Khan am südlechen Deel vun Zentralthailand.
E goung den 28. Juni 1966 op an den 1. Abrëll 1982 op déi haiteg Gréisst vun 98,8 Quadratkilometer vergréissert.
An der Phraya-Nakhon-Grott gouf 1890 fir de Besuch vum Kinnek Chulalongkorn (Rama V.) 1890 de Kuha Karuhas-Pavillon gebaut.
"Khao Sam Roi Yot" heescht Bierg mat 300 Spëtzten, eng gutt Beschreiwung fir d'Landschaft aus bis zu 600 Meter héije Kalleksteen-Hiwwelen, déi bis un de Golf vun Thailand ginn. Am westlechen Deel vum Park dominéieren op ronn 37 Quadratkilometer Séisswaasser-Marschlandschaften (Thai: {ทุ่งสามร้อยยอด), laanscht d'Küst sinn et Mangroven.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- d'Bucht vu Bang Pu
- d'Phraya Nakhon Hiel mam Kuha-Karuhas-Pavillon
