Navin Ramgoolam
Ausgesinn
| Navin Ramgoolam | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
14. Juli 1947 Port Louis |
| Nationalitéit | Mauritius |
| Educatioun | London School of Economics |
| Aktivitéit | Politiker |
| Fonctioun | Premierminister vu Mauritius, Verdeedegungsminister, Member vum Privy Council vum Vereenegte Kinnekräich |
| Member vun | Royal College of Physicians |
| Gielercher | Grand officier de la Légion d'honneur |
|
| |
Den Navinchandra Ramgoolam, gebuer den 13. Juli 1947, ass e Politiker vu Mauritius.
Den Navinchandra Ramgoolam ass de Fils vum Sir Seewoosagur Ramgoolam, dem „Papp“ vun der Natioun. Hien huet zu Dublin Medezin studéiert a krut 1977 vum General Medical Council vu Groussbritannien d'Erlabnes fir ze praktizéieren. Duerno huet hien nach e Master am Droit gemaach, mä ni als Affekot geschafft.
Hie war vun 1995 bis 2000 Premierminister a gouf de 5. Juli 2005 als Leader vun der Maurition Labour Party, erëmgewielt.[1]
Bei de Parlamentswale vum Mee 2010 krut d'Regierungskoalitioun genuch Stëmmen, fir an der selwechter Zesummesetzung virunzefueren. Bei de Wale vum 10. Dezember 2014 gouf en net méi erëmgewielt.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Prime Minister of the Republic of Mauritius Archivéiert den 02.11.2011. Gekuckt den 09.05.2010.
