Nei Gemeng

Vu Wikipedia

Eng Nei Gemeng (fr: Commune nouvelle) ass a Frankräich eng Gemeng déi aus der Fusioun vun e puer fréiere Gemengen ervirgeet. Et ass e Statut dee mam Artikel 21 vum Gesetz N° 2010-1563 vum 16. Dezember 2010 iwwer d'Reform vun den territoriale Kollektivitéite[1] kreéiert gouf.

Eng nei Gemeng kann op e puer Manéieren entstoen. Ouni weider an den Detail anzegoe kann ee soen datt dat op Demande vun de Gemengeréit vun de Gemengen déi uneneestousse ka gemaach ginn, oder iwwer d'Demande vun enger Interkommunalitéit oder op Initiativ vum Representant vum Staat am Departement.

Wa Gemengen déi uneneestousse fusionéiere wëllen an net an engem Departement leien, mussen d'Autorisatioune fir d'Departementsgrenzen z'ännere gefrot ginn.

Bei der Kreatioun vun enger neier Gemeng ginn déi fréier Gemenge sougenannt Communes déléguées, et wier datt d'Gemengeréit decidéire fir keng Commune déléguée ze ginn.


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Légifrance Loi n° 2010-1563 du 16 décembre 2010 de réforme des collectivités territoriales