Neischmelz
| Verwaltung | |
|---|---|
| Geographie | |
| Transport | |
|
|
Neischmelz ass den Numm vun engem urbanistesche Projet op de Brooche vun der fréierer Diddelenger Schmelz. D'Stad Diddeleng an de Fonds du Logement plangen do, op der Grondlag vun engem Gesamtplang vun CBA Architects, op 32,5 Hektar, 1.575 nei Wunnenge fir ronn 3.600 Leit ze bauen[1].
Eng Rëtsch vu Gebaier vun der Schmelz, déi deelweis ënner Denkmalschutz stinn, bleiwe bestoen a kréien eng nei Fonctioun.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]2005 gouf d'Walzwierk definitiv zougemaach. 2010 gouf e Masterplang fir dat ganzt Areal ausgeschafft, deen an de Joren dono diskutéiert an ugepasst gouf. 2016 gouf de Fonds du Logement Besëtzer vum Terrain.
2018 goufe 4 sektoriell PAGen ausgeschafft, déi 2019 vum Gemengerot ugeholl goufen. Bis 2022 gouf et weider Etüden iwwer den Impakt ë. a. op d'Ëmwelt, d'Verkéiersféierung an d'Energieversuergung vum Projet, an 2023 gouf d'Finanzéierungsgesetz ugeholl.
2024/25 goung et lass mat konkreten Aarbechten: Zougänglech-Maachen an Uschloss un d'Versuergungsnetzer, Renovéierung vun de klasséierte Gebaier,...
D'Pläng
[änneren | Quelltext änneren]Nieft Wunnengen (55% vum Terrain) soll ë. a. och eng Danzschoul, Multifunktionsraim fir ë. a. Gemengeservicer, en Hotel, en neie Schoulcampus an zwee Parkhaiser dohikommen. D'fréiert Direktiounsgebai soll, no der Renovatioun, als Büroe kënne benotzt ginn, soulaang d'Aarbechten am Gaang sinn, vun de Leedere vum Projet. D'"Hall Wagonnage" ass fir e Café/eng Plaz wou d'Nopere sech begéine kënnen, virgesinn, iwwerdeems d'"Hall Fondouq“ an dat fréiert Stolwierk fir d'Energieproduktioun vum Quartier (mat Geothermie/Wäermepompelen) gebraucht soll ginn. Eng Rëtsch Servicer vum Staat sollen och op d'Neischmelz kommen, dorënner en neie Police-Kommissariat an de Centre national des collections publiques.[2]
2026 gëtt mam Bau vun den éischte Wunnengen ugefaangen, déi bis 2028 fäerdeg solle sinn (Stand Nov. 2025).[3]
Biller
[änneren | Quelltext änneren]Zoustand virun 2020
- En Deel vum fréiere Walzwierk
- Wierkshalen
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ nschmelz.lu (nogekuckt: 19.11.2025).
- ↑ Laura Tomassini: "Neischmelz nimmt Form an: Gemeinde und „Fonds du logement“ präsentieren Fortschritte." tageblatt.lu, 19.11.2025.
- ↑ Historique du projet. nschmelz.lu (nogekuckt: 19.11.2025).
