Nicolas Hayek
Ausgesinn
| Nicolas Hayek | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
19. Februar 1928 Beirut |
| Gestuerwen |
28. Juni 2010 Biel/Bienne |
| Doudesursaach | Häerzschwächt |
| Nationalitéit | Schwäiz, Libanon |
| Aktivitéit | Entreprener |
| Auszeechnungen | Großes Silbernes Ehrenzeichen mit dem Stern für Verdienste um die Republik Österreich, Commandeur des Arts et des Lettres, Officier vun der Légion d'honneur |
| Websäit | https://www.hayek-group.com/ |
|
| |
Den Nicolas Hayek, gebuer den 19. Februar 1928 zu Beirut, a gestuerwen den 28. Juni 2010 zu Biel,[1] war e Schwäizer Entreprener.
Hien ass virun allem dofir bekannt, mat der Swatch-Auer d'Schwäizer Auerenindustrie virun der Faillite gerett ze hunn. Seng Swatch-Group huet net nëmmen abbermillioune vun deene jiips-faarwegen a poppeg-designte Quarz- a Plastiksauere verkaf, mä huet och Marken am Luxussegment.
Ausserdeem war den Hayek, deen am Libanon gebuer war, mä d'Schwäizer Nationalitéit ugeholl hat, mat un der Entwécklung vum SwatchMobil, dee spéider Smart genannt gouf, bedeelegt.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Großes Silbernes Ehrenzeichen mit dem Stern für Verdienste um die Republik Österreich[2].
