Nigel de Jong

Vu Wikipedia
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


Nigel de Jong
Nigel de Jong

Nigel de Jong
Nigel de Jong
Spillerinformatiounen
Vollen Numm Nigel de Jong
Gebuertsdag 30. November 1984
Gebuertsplaz AmsterdamHolland
Gréisst 174 cm
Positioun Zenter
Veräiner an der Jugend
1993-2002 Ajax Amsterdam
Veräiner als Aktiven1
Joer Veräin Matcher (Goler)
2002–2006
2006-2009
2009-2012
2012-
Ajax Amsterdam
Hamburger SV
Manchester City
AC Mailand
96 (8)
66 (2)
104 (1)
45 (3)
Nationalekipp2
2004- Holland 69 (1)

1 Nëmme Liga-Matcher.
 Stand: Saisonenn 2013/2014
2Stand: 14. Dezember 2013


Den Nigel de Jong, gebuer den 30. November 1984 zu Amsterdam), ass en hollännesche Foussballspiller, deen am defensive Mëttelfeld agesat gëtt. Zanter August 2012 steet hie beim AC Mailand ënner Vertrag.

Hien ass de Jong vun Jerry de Jong, deen och Profifoussballer war.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Den de Jong, dee seng ganz Jugend bei Ajax Amsterdam gespillt huet, hat säi Profidebut den 19. Oktober 2002 am Match géint AZ Alkmaar. Säin Debut fir di Hollännesch Foussballnationalekipp hat hien den 31. Mäerz 2004 géint Frankräich.

Am Januar 2006 ass de Jong bei den HSV gewiesselt. Den HSV huet fir hien 1,5 Milliounen Euro bezuelt.

No dräi Joer zu Hamburg ass den Nigel de Jong an der Wanterpaus vun der Saison 2008/09 bei den englesche Premier League-Club Manchester City gewiesselt.[1] Mat 19 Milliounen Euro ass den de Jong dee bis elo deierste Spiller, deen den HSV verkaaft huet.

Den 31. August 2012 ass den de Jong fir 5 Milliounen Euro bei den AC Mailand an der Serie A gewiesselt.[2]

Erfolleger[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nigel de Jong – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Perfekt: De Jong wechselt
  2. WELCOME NIGEL!!!