Nijmegen

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Holland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Nijmegen
Land Holland
Awunner 177.359 (1. Januar 2021)
Fläch 57,53 km²
Koordinaten 51°50'51"N, 5°51'45"O
Telefonszon 0481
Postcode 6500–6546
Websäit https://www.nijmegen.nl/


Nijmegen (op Hollännesch: Nijmegen, Däitsch: Nimwegen, Franséisch: Nimègue, Spuenesch: Nimega) ass eng Stad a Gemeng am Oste vun Holland an der Provënz Gelderland mat ronn 169.000 Awunner an der Stad a ronn 182.000 Awunner an der Gemeng (2023).

Am Groussraum Regio Arnhem-Nijmegen wunne ronn 802.000 Leit (2023).

D'Radbout Universitéit zu Nijmegen ass populär bei villen auslännesche Studenten, besonnesch aus Däitschland, dat knapps 8 Kilometer ewech ass.

4-Deeg-Marsch[änneren | Quelltext änneren]

De 4-Deeg-Marsch, offiziell "Internationale Vierdaagse Afstandsmarsen Nijmegen", ass déi gréisst Marschveranstaltung op der Welt an eng vun deene gréisste Sport-Veranstaltungen iwwerhaapt. De Marsch geet all Joer den drëtten Dënschden am Juli un, an en dauert véier Deeg.

Un de Start ginn am Ganze méi wéi 44.000 Leit, déi entweeder 4x30 km, 4x40 km oder 4x50 km zu Fouss hanner sech bréngen. All Joer ginn eng Rei Lëtzebuerger bei dësem Marsch mat. Traditionell sinn Arméien ëmmer derbei vertrueden.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nijmegen – Biller, Videoen oder Audiodateien