Nike (Rakéit)
Nike war en US-amerikanesche Fluchofwierrakéiteprogramm (SAM-N-25 – Bezeechnung bis 1962; MIM-14/14A/14B – Bezeechnung vun 1962 un), déi an der Ufanksvariant MIM-3 Nike Ajax a spéider an der verbesserter Variant Nike Hercules iwwer vill Joren d'Réckkräiz vun der US-amerikanescher Loftverdeedegung duergestallt huet. Si bestoung aus enger Startstuf mat engem Nike-Feststoffrakéitemotor (véierfach gebëndelt bei der Nike Hercules) an enger mat Flëssegdreifstoff ugedriwwener Zweetstuf (nëmmen NIKE Ajax; NIKE Hercules hat als zweet Stuf e Feststoffdreifwierk). An der Variant Nike Zeus gouf si och am éischten US-amerikanesche Rakéitenofwiersystem gebraucht.
Sprengkapp: konventionell (BHE, BLE) (M17 high-explosive blast-fragmentation) oder nuklear (BXS, BXL) (W-31 nuclear (2 kT, 40 kT)). Déi konventionell Sprengkäpp hunn eng Metallsplitterwollek ausgeléist, déi feindlech Fligere beschiedegen an zum Ofstuerz brénge sollten.
D'Nike als Héichtefuerschungsrakéit
[änneren | Quelltext änneren]Déi éischt Stuf vun der Nike Ajax gouf an de follgende Versiounen och als Héichtefuerschungsrakéiten agesat. Ausserdeem gouf si och als Zweet- an Drëttstuf a villen Héichtefuerschungsrakéiten agesat. Fir den ziville Gebrauch gouf d'Nike wéinst hirer klenger maximaler Héicht meeschtens a Verbindung mat enger Uewerstuf zum Beispill a Form vun der Nike Apache oder der Nike Cajun gebraucht.
- Nike Apache
- Nike Asp
- Nike Cajun
- Nike Deacon
- Nike Hydac
- Nike Iroquois
- Nike Javelin
- Nike Malemute
- Nike Nike
- Nike Orion
- Nike Recruit
- Nike T40 T55
- Nike Tomahawk
- Nike Viper
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Project Nike – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- http://www.astronautix.com/lvs/nike.htm
- http://www.nike-hercules-personal.de Community fir fréier Nike-Hercules-Personal
- Biller vun enger verloossener Nike-Stellung
- http://www.pfenz.de/wiki/Nike-Station Informatiounen a Fotoe zu der Nike-Statioun vun den US-Amerikaner zu Pforzheim / Wurmberg