Nikon D3

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D3 vu vir

Den Nikon D3 ass en Digitale Spigelreflexfotoapparat, en DSLR (digital single lens reflex) vum japanesche Produzent Nikon, dee sech besonnesch u professionell Fotografe riicht. Et ass den Nofollger vun der D2 Serie, de Modeller D2X an D2H.

Den D3 ass deen éischten DSLR vun Nikon, dee mat engem Vollformat-CMOS-Sensor mat 12,1 Megapixelen ekipéiert ass. Nikon huet sech dofir den Numm "FX" patentéiere gelooss. Mat den Astellungen H1 an H2 erreecht den neie Sensor eng Empfindlechkeet vu 25.600 ISO.
D'Basisempfindlechkeet ass 200 ISO.

Den Autofocus gëtt vun 51 Punkte gesteiert, vun deenen der 15 Kräizsensore sinn, an erlaabt et, d'Schaarfstellen op en eenzele Punkt ze leeën, fir op déi Manéier en Objet, deen engem entgéintkënnt, schaarf ze behalen.

D3 vun hannen

Mat engem neien 3-Zoll- Monitor mat 307.200 Pixelen ass och bei Nikon Live-View méiglech. Bei der Live-View bleift de Spigel héichgeklappt, sou datt den normalen Autofokus net funktionéiere kann. An deem Fall kënnt et zu engem alternativen Autofokus, andeems den Apparat eng Kontrastmiessung um Sensor mécht.

De grousse Problem, deen Nikon mat dem D3 huet, ass d'Ausliwwerung. D'Firma leet grousse Wäert drop, fir den Apparat fir d'éischt u professionell Fotografen ze verkafen, a mécht wat se kann, datt de Schwaarz- a Gromaart keng sollen a d'Hänn kréien.
Enn Februar 2008 waren déi éischt zu Lëtzebuerg ze fannen.

De Boîtier weit 1.240 Gramm ouni Akku a kascht eppes iwwer 4.500 €.

D3X[änneren | Quelltext änneren]

Eng Versioun mat 24,5 Megapixelen, d' D3X, gouf den 1. Dezember 2008 virgestallt.

D3s[änneren | Quelltext änneren]

Dee Modell gouf de 14. Oktober 2009 virgestallt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nikon D3 – Biller, Videoen oder Audiodateien