Nikon D300

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Nikon D300 mit opmontéiertem Multifunktiounsgrëff MB-D10 an dem AF-Nikkor 50 mm 1:1,4 D-Objektiv.

Den Nikon D300 ass en digitale Spigelreflexfotoapparat vun der Mark Nikon mat engem CMOS 12 Megapixel-Fotosensor, deen 23,6 x 15,8 mm grouss ass. D'Biller gi bis zu 4.288 x 2.848 Pixel grouss.

Den Apparat gouf am August 2007 der internationaler Press virgestallt an ass vun Nikon aus fir professionell Fotografe geduecht. Den D300 ass den Nofollger vum D200, deen Enn 2005 virgestallt gouf.

Autofokus[änneren | Quelltext änneren]

Den Autofokussystem schafft mat 51 Miesspunkten.

GPS Kompatibilitéit[änneren | Quelltext änneren]

Nikon D300 mat dem "Solmeta Geotagger N2 Kompass"

En D300 ass mat verschiddene GPS-Empfänger kompatibel. Op déi Manéier ka bei Opnamen déi aktuell geographesch Positioun an de Metadate vun der Foto matgespäichert ginn.

De Batteriegrëff fir den D300

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nikon D300 – Biller, Videoen oder Audiodateien