Nikon F
De Klengbild-Spigelreflex-Fotoapparat Nikon F (an Däitschland och Nikkor F) vun Nippon Kogaku K.K. ass e klassesche professionellen Apparat aus de Sechzegerjoren.
Entwécklung vun de Klengbild-Fotoapparaten
[änneren | Quelltext änneren]- 1925 baut den Oskas Barnack den éischte Klengbild-Apparat, d' Leica. Hien huet d'Bildformat 24x36 mm geholl, well en sou dat Standard- Kinosfilmmaterial konnt asetzen.
- 1936 gëtt déi éischt Kine-Exakta gebaut, déi éischt Spigelreflex mat Bajonettgewënn fir d' Fotoobjektiven kënnen ze wiesselen.
- 1955 D' Pentax Asahiflex, déi éischt Spigelreflex mat Sprangblend
- 1964 bréngt Asahi Pentax hir Spotmatic eraus, déi éischt Spigelreflex mat Liichtmiessung duerch d'Objektiv TTL.
- xx Minolta presentéiert hir SRT-101 mat Liichtmiessung mat oppener Blend.
Virleefer
[änneren | Quelltext änneren]Den eigentleche Virleefer vun der F war d'Nikon SP, e Miesssucher-Apparat, dee vun Nikon geduecht war als Alternativ zu der Leica oder der Contax.
De Modul-System
[änneren | Quelltext änneren]D'Nikon F, déi 1959 fir d'éischt gebaut gouf, war net eleng eng Weiderentwécklung vun anerer Modeller. Et war deen éischte Reflex, deen e Sucher hat, deen 100 % vum Bild gewisen huet. Dat richteg Neit war allerdéngs de Modul-System.
Boitier
[änneren | Quelltext änneren]De Boitier u sech ass reng mechanesch an domat komplett onofhängeg vu Batterien.
Titan-Schlitzverschloss
[änneren | Quelltext änneren]De Verschloss bei der Nikon F ass eng Rollued aus Titan, deen eng Blëtzsyncronzäit vun 1/60 Sekonn erlaabt. Déi kierzt Beliichtungszäit ass 1/1000 Sekonn, an déi längst 1 Sekonn.
Nieft der normaler B-Astellung (fir "bulb"), bei där de Riddo sou laang op bleift, wéi den Ausléiser gedréckt ass, gëtt et um Apparat nach eng Astellung fir "T" (fir "time"). Dobäi bleift de Verschloss nom Ausléise sou laang op, bis datt den Verschlosszäiteknäppchen op eng aner Zäit gedréint gëtt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Nikon F – Biller, Videoen oder Audiodateien |