Nora Back
Ausgesinn
Nora Back | |
---|---|
Gebuer |
17. August 1979 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Gewerkschaftler, Psycholog |
Member vun | OGBL |
D'Nora Back, gebuer de 17. August 1979 zu Esch-Uelzecht[1], ass eng lëtzebuergesch Gewerkschaftlerin.
Si ass zanter 2004 Member vun der Gewerkschaft OGB-L, wou se Zentralsekretärin vum Syndicat Santé, Services sociaux et éducatifs ass. Zanter 2014 ass si zousätzlech Member vum Exekutivbüro vum OGB-L, a gouf am Juli 2018 zu der neier Generalsekretärin vun där Gewerkschaft gewielt. Si ass Aarbechtspsychologin vu Formatioun[2]. Zanter Juni 2019 ass si Presidentin vun der Chambre des salariés[3].
De 5. Dezember 2019 gouf si um Nationalkongress vum OGB-L als éischt Fra op d'Plaz vum President gewielt[4].
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Peter Feist: "Die Nora von der coolen Clique. Porträt der neuen OGBL-Generalsekretärin Nora Back." in: d'Lëtzebuerger Land, 20. Juli 2018, Nr.29, S.6.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ OGB·L-Solidarité syndicale (F2727) am Registre des bénéficiaires effectifs op lbr.lu, gekuckt den 8. Dezember 2019
- ↑ "Nora Back devient secrétaire générale de l'OGBL." wort.lu, 03.07.2018.
- ↑ "Arbeitnehmerkammer hat neue Vorsitzende." lessentiel.lu (de)
- ↑ OGBL: Nora Back erste Präsidentin op wort.lu de 6. Dezember 2019