Nowosil

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Nowosil
Land Russland
Federatiounskrees Zentralrussland
Status Oblast
Regioun Orjol
Gegrënnt ?
(1155 fir d'éischt ernimmt)
Awunner 3.175 (1. Januar 2018)
Fläch 5
Koordinaten 52°58'N, 37°3'O
Zäitzon UTC+3
Telefonszon 48673
Postcode 303500


Nowosil (op Russesch: Новосиль) ass eng Stad am Oblast Orjol am Zentralrussesche Federatiounskrees a Russland. Si läit eng 70 km ëstlech vun Orjol, um rietsen Uwänner vum Suscha, engem Niewefloss vum Oka.

Si ass de Verwaltungszentrum vum Distrikt Nowosil an huet 3.658 Awunner (Stand 2010)[1] op enger Fläch vun zirka 5 km².

Nowosil gouf am Joer 1155 fir d'alleréischt ernimmt,[2] als Festung Itil am Fierschtentum Tschernihiw. Uganks vum 14. Jh. war se schonn ënner dem Numm Nowosil Haaptuert vun engem klenge selbstännege Fierschtentum. Se war praktesch bis Enn vum 17. Jh. eng ëmmer nees ëmkämpfte Siidlung mat Holzbefestegungen, duerno huet sech hir militäresch Bedeitung awer verluer. 1777 krut se d'Stadrecht.

Well se wäit ewech vun de wichtegste Verkéiersverbindunge läit konnt sech d'Stad an der Folleg wirtschaftlech awer ni grouss entwéckelen. Vum Joer 2000 u vereelzt hir Bevëlkerung ëmmer méi a geet vun alt mol 4600 Awunner just nach kontinuéierlech zeréck.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nowosil – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Nikloskierch zu Nowosil

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Archivéiert op 2017-08-29. Gekuckt de(n) 2016-07-10.
  2. СССР. Административно-территориальное деление союзных республик на 1 января 1980 года / Составители В. А. Дударев, Н. А. Евсеева. — М.: Изд-во «Известия Советов народных депутатов СССР», 1980. — 702 с. — С. 192.