Odnoklassniki

Vu Wikipedia
Den offiziellen Odnoklassniki Logo

Odnoklassniki (Одноклассники - Matschüler) ass en online Kontaktnetzwierk, dat absënns a Russland an an anere fréiere Sowjetrepublike populär ass.

Et gouf am Mäerz 2006 vum Albert Popkow gegrënnt[1] a louch 2010 mat 45 Millioune registréierte Benotzer[2] op der zéngter Plaz vun de meeschtbesichten Internetsäiten a Russland[3].

De Projet gouf uganks just duerch Reklammsbannere finanzéiert. Vu Januar 2009 bis August 2010 huet awer all Neiregistréirung eng kleng Zomm kascht, zanterhier fale just nach Käschten u fir d'Notzung vu spezielle Servicer op der Säit, déi een iwwer eng Aktivéirungs-SMS bezillt[4].

2008 hunn den Albert Popkow, seng Fra Irina, Grënner an Haaptaktionären d'Majoritéit um Netzwierk un Digital Sky Technologies (Besëtzer vu Mail.ru) a Forticom verkaaft, déi elo zesummen 58% halen[5].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Iwwer de Projet
  2. Eegen Informatioune vun Odnoklassniki, Stand Februar 2010
  3. Alexa Internet Gearchiveerd op 2015-02-18. Gekuckt de(n) 2011-06-24.
  4. Lenta.ru, 31. Oktober 2008
  5. Vedomosti, 15. September 2008