Olympesch Hymn

Vu Wikipedia
Titelblat vun der éischter Editioun vun der Olympescher Hymn, an der Versioun fir en dräistëmmege Chouer mat Piano
Lauschtert d'Olympesch Hymn

D'Olympesch Hymn (griichesch Ολυμπιακός Ύμνος, Olympiakos Ymnos) ass eent vun den Olympesche Symboler a gouf speziell fir déi éischt Spiller vun der Neizäit, 1896 zu Athen, komponéiert. D'Melodie staamt vum Spyros Samaras an den Text ass vum Kostis Palamas. Et ass déi eenzeg offiziell olympesch Festmusek an e Bestanddeel vun alle wichtegen Evenementer vun der olympescher Beweegung.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Olympesch Hymn gouf fir d'éischt Kéier zu Athen op den Olympesche Summerspiller 1896 gespillt.

Virun der eigentlecher Opféierung op den Olympesche Summerspiller 1896 hat de Samaras d'Hymn als Prouf am Januar 1896 vum Museksveräin "Parnassos" opféiere gelooss an d'Reaktioune vum Publikum getest. De Samaras war e Vertrieder vun der Ionescher Schoul a konnt sech zu Athen net géint d'Musekszeen déi vun der däitscher Romantik beaflosst war, duerchsetzen. Hie gouf just vun der kinneklecher Famill ënnerstëtzt, wat erkläert firwat d'Hymn dem Krounprënz Konstantin I. gewidmet gouf.

Et gouf Bestriewunge fir aner Kompositiounen als offiziell Hymnen deklaréieren ze loossen, engersäits déi vum Amerikaner Walter Bradley-Keeler mat engem Text géint d'Tyrannei, an anersäits eng vum Richard Strauss fir d'Spiller vun 1936 zu Berlin. Déi ursprénglech Hymn huet awer éischter dem Wiese vun de Spiller entsprach a gouf esou 1958 vum IOK offiziell als „Olympesch Hymn“ deklaréiert. Se gëtt zënter den Olympesche Summerspiller 1964 zu Tokio bei allen Olympesche Spiller opgefouert.

D'Olympesch Hymn gëtt gesongen / gespillt wann den Olympesche Fändel op der Erëffnungszeremonie opgezunn a wann e bei der Ofschlosszeremonie erofgeholl gëtt. Den Text gëtt vun engem Chouer oder engem Kënschtler vum Gaaschtland gesongen.

D'Olympesch Hymn däerf net mat de kommerziellen olympesche Lidder, déi keen offiziellen olympesche Status hunn, verwiesselt ginn.

Text[änneren | Quelltext änneren]

Griichesch
(Originaltext)
Αρχαίο Πνεύμα αθάνατο, αγνέ πατέρα
του ωραίου, του μεγάλου και τ' αληθινού
Κατέβα, φανερώσου κι άστραψε εδώ πέρα
στη δόξα της δικής σου γης και τ' ουρανού

Στο δρόμο και στο πάλεμα και στο λιθάρι
Στων ευγενών αγώνων λάμψε την ορμή
Και με το αμάραντο στεφάνωσε κλωνάρι
και σιδερένιο πλάσε και άξιο το κορμί. [×2]

Κάμποι, βουνά και θάλασσες φέγγουνε μαζί σου
σαν ένας λευκοπόρφυρος μέγας ναός
Και τρέχει στο ναό εδώ προσκυνητής σου. [×2]
Αρχαίο Πνεύμα αθάνατο, κάθε λαός. [×2]

Griichesch
(Transkriptioun an d'Laténgescht Alphabet)
Arkhéo Pnévma athánato, aghné patéra
tou oréou, tou meghálou ke t'alithinoú
Katéva, fanerósou ki ástrapse edhó péra
sti dhóksa tis dhikís sou ghis ke t'ouranoú

Sto dhrómo ke sto pálema ke sto lithári
Ston evghenón aghónon lámpse tin ormí
Ke me to amárando stefánose klonári
ke sidherénio pláse ke áksio to kormí. [×2]

Kámbi, vouná ke thálasses féngoune mazí sou
san énas lefkopórfiros méghas naós
Ke trékhi sto naó edhó proskinitís sou. [×2]
Arkhéo Pnévma athánato, káthe laós. [×2]

Franséisch
(Iwwersetzung)[1]
Esprit antique et éternel, créateur auguste
De la beauté, de la grandeur et de la vérité
Descends ici, parais, brille comme l'éclair,
Dans la gloire de la terre et de ton ciel.

Dans la course et la lutte et le poids
Des nobles jeux éclaire l'élan,
Prépare la couronne
Faite de la branche immortelle,
Et donne au corps la force
De l'acier et la dignité.

Les campagnes, les monts,
Les mers brillent autour de toi,
Comme un grand temple fait
De pourpre et de blancheur,
Et dans le temple ici accourent tous les peuples
Pour se prosterner devant toi,
Esprit antique et éternel.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (fr)L'hymne olympique. olympics.com. Gekuckt de(n) 26.03.2024.