Operatioun Sunbeam

Vu Wikipedia
Explosioun vu Sunbeam Smal Boy

Operatioun Sunbeam[1] och Operatioun Dominic II war eng Serie vu 4 US-amerikanesche Kärwaffentester déi um Nevada Test Site gemaach goufen. Si war en Deel vun der Operatioun Dominic. Bei där Operatioun goufen taktesch Waffe fir Atomsprengkäpp ze verschéisse getest, vun deenen déi bekanntst d'Davy Crockett war.

Tester vun der Operatioun Sunbeam
Num vum Test Datum Plaz Explosiounskraaft
Little Feller II 7. Juli 1962 Nevada Test Site 20 kT
Johnnie Boy 11. Juli 1962 Nevada Test Site 0,5 kT
Small Boy 14. Juli 1962 Nevada Test Site 20 kT
Little Feller I 17. Juli 1962 Nevada Test Site 20 kT

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.nv.doe.gov/library/publications/historical/DOENV_209_REV15.pdf