Op den Inhalt sprangen

Cercle symphonique de Rumelange

Vu Wikipedia
Cercle symphonique de Rumelange
Rechtsform Association sans but lucratif
Sëtz Rëmeleng
RCS F1718
Websäit https://www.cercle-symphonique.com/

De Cercle symphonique de Rumelange ass am Februar 1910 entstanen, nom Succès vun de Festivitéite fir d'Grënnung vun der Stad Rëmeleng de 15. August 1908, wou all Museksfrënn, déi nach net an engem Veräin organiséiert waren, zesummegeruff gi sinn, fir der neier Stad eng Ovatioun ze bréngen. De Veräin ass de 24. Juli 2002 als ASBL ënnert dem Numm Orchestre Symphonique « Le Cercle » gegrënnt ginn.

Wärend dem Éischte Weltkrich gouf déi jonk Associatioun am Joer 1916 opgeléist. Dëst war net wéinst engem Manktem u Begeeschterung, mä éischter wéinst der Fermeture vun der lokaler Fabrick[Wat fir?], der grousser wirtschaftlecher Kris vun där Zäit an dem Doud vum Dirigent Jean-Pierre Hurt.

Eréischt 1935 hunn d'Aktivitéite vun der Museksgesellschaft lues a lues erëm ugefaangen, mee et ass onméiglech ze wëssen, wéi se tëscht 1910 an 1945 evoluéiert ass, well ganz wéineg Dokumenter disponibel sinn.

Direkt nom Zweete Weltkrich gouf d'Iddi ëmgesat, dem Public eng musikalesch Show unzebidden. Fir gutt zwanzeg Joer waren d'Musicalshowe vum Cercle symphonique eng grouss kulturell a populär Attraktioun an der Minettsstad.

Ënner der Presidentschaft vum Foni Tissen an dem Gaston Vouel hu weider Iddien ugefaangen ze keimen, besonnesch déi, Revuen a Showen op d'Bün ze bréngen a mat Musek ze ënnerstëtzen, bei deenen den Text an d'Musek harmonesch kombinéiert goufen. Ënner der Leedung vum Fränz Royer goufen dës Showen a Revuë bei Opféierungen am ganze Land séier bekannt a geschat. D'Festivitéite fir de 50. Anniversaire vum Cercle am Joer 1960 ware vun aussergewéinlecher Qualitéit.

Vun 1957 bis 1979 gouf den Orchester vum Gusty Schreiner geleet ënner deem senger Leedung den Orchester reegelméisseg zu Munneref, Iechternach, am Märchepark zu Beetebuerg, souwéi an den Altersheemer zu Diddeleng, Esch-Uelzecht, Nidderkuer a Rëmeleng Concerte gespillt huet. Do dernieft goufen et och Opféierungen an Zesummenaarbecht mat de Kierchechéier vu Beetebuerg, Réimech a Péiteng, gradewéi Concerten zu Éiere vum Johann Strauss, dem Robert Stolz an dem Dicks.

Duerno[Wéini?] hunn den Dirigent Jules Hengen an de President Charles Tanson zu enger neier Ära bäigedroen, déi duerch vill ëffentlech Erfolleger markéiert war.

Den Dirigent Leopold Winandy huet weesentlech zu den Ovatioune vum Publikum bei de Concerte bäigedroen, déi am Kader vum 80. Anniversaire vum Cercle stattfonnt hunn.

Lues a lues ass de Cecle méi professionell ginn. Den Dirigent Georges Wagner huet eng Schlësselroll an dësem Schrëtt an d'Professionalitéit gespillt, dee vun engem ëmmer méi grousse Publikum unerkannt gouf, iwwerdeems d'Presidentin Lydie Lorang vun 1995 un déi dynamesch Kraaft hannert dem Ensembel war.

1994 huet de Georges Wagner d'Direktioun vum Cercle iwwerholl an huet et duerch déi haart Aarbecht an dem Engagement vu senge Museker fäerdeg bruecht, dem Cercle en nationalen an internationale Ruff ze verschafen, absënns wéinst groussen Talenter.

De 6. November 2004 war e Concert zu Rëmeleng fir den 10. Joresdag vum Georges Wagner als Dirigent beim Orchester. Um Programm stoungen ënner anerem déi 9. Sinfonie am Mi mineur „Aus der Neien Welt“ vum Antonin Dvorak. 2007 huet den Orchester der Stad Rëmeleng en Hommage bruecht fir de Centenaire vun der Stad „E Réckbléck a Biller, Wierder a Musek“ mam Nico Keiffer als Narrateur.

Iwwer d'Jore gouf de permanente Manktem u Laiemuseker evident, an de Maestro huet op professionell Museker zeréckgräife mussen. Dobäi koumen d'Pandemie an den Alter vum Dirigent, sou datt de Georges Wagner gezwonge war, seng Baguette ofzeginn. Op der Generalversammlung 2022 hunn e puer Komiteesmemberen hir Mandater net erneiert.[1]

Déi éischt Aufgab war et, en neien Dirigent ze fannen. De perfekte Kandidat gouf am Sidney Scho fonnt, engem Awunner vu Rëmeleng, deen am Stater Conservatoire Dirigéiere studéiert huet.

De Cercle, deen … an Orchestre symphonique Le Cercle ëmgenannt gi war, krut den 18. Oktober 2022 säin ursprénglechen Numm Cercle symphonique de Rumelange nees zeréck, well den neie musikaleschen Direkter den Orchester nees zeréck zu senge Wuerzele féiere wollt[2].

De Cercle symphonique besteet elo[Wéini?] aus ronn 45 Amateuren, Studenten a semiprofessionelle Museker. An de Saisonen 2024 – 2026 stoungen z. B. Wierker vun der Lou Koster an dem Jean Pierre Kemmer am Fokus.[3][4]

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Neie Komitee.
  2. Biographie.
  3. Reportage 100,7.
  4. Porträt Sidney Scho.