Péiter II. vun Zypern

Vu Wikipedia
Péiter II.
Titelen
Virgänger Péiter I.
Nofollger Jacques I.
Biographie
Gebuer 1357 jul.
Nikosia
Gestuerwen 13. Oktober 1382 jul.
Nikosia
Papp Péiter I.
Mamm Eleonora vun Aragón

De Péiter II. (gebuer ëm 1357 a gestuerwen den 13. Oktober 1382) war Kinnek vun Zypern vun 1369 bis zu sengem Doud. Hie war de Jong vum Kinnek Péiter I. an der Eleonora vun Aragón, déi vun 1369 bis 1379 Matregentin war. De Péiter II. gouf 1372, am Alter vu 15 Joer gekréint.

1373 huet en déi vu sengem Papp eruewert Küstestied vu Kilikien un d'Osmanen, an domat och d'Kroun vun Armenien.

Am September 1378 huet sech de Péiter mat der Valenza Visconti, der Duechter vum Bernabo Visconti bestuet, mat där hien ee Meedchen hat, dat awer virun him gestuerwen ass. Well e keng Nokommen hat, huet no sengem fréien Doud säi Monni, de Jacques I. déi zypriotesch Kroun iwwerholl.

Virgänger:
Péiter I.
Kinnek vun Zypern
1369 - 1382
Nofollger:
Jacques I.