Pérez Prado

Vu Wikipedia
Pérez Prado
Gebuertsnumm José Dámaso Pérez Prado
Gebuer 11. Dezember 1917
Matanzas
Gestuerwen 14. September 1989
Mexiko-Stad
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Kuba
Aktivitéit Komponist, Pianist, Dirigent, Sänger, Schauspiller

De Dámaso Pérez Prado, gebuer den 11. Dezember 1916 zu Matanzas op Kuba, a gestuerwen de 14. September 1989 zu Ciudad de México, war e kubanesche Museker a Komponist.

Vu klengem un huet hie geléiert klassesch Musek um Piano ze spillen. Méi spéit huet en Uergel mat bäigeholl.

De Pérez Prado gouf "Kinnek vum Mambo" genannt. Fir de Film Underwater! vun 1955 vum John Sturges hat de Prado den Titel Cherry pink and Orange Blossem White vum katalounesche Komponist Louiguy (= Louis Gugliemi) sengem Ouerewuerm Cerisier rose et pommier blanc als Mambo agespillt. Dozou huet d'Jane Russell am Film gedanzt.

Vu sengen Eegekompositiounen hat Patricia de gréisste Succès.

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

«Roi du mambo» (Kinnek vum Mambo) in 88 notes pour piano solo, Jean-Pierre Thiollet, Neva Editions, 2015, p. 248-249. ISBN 978-2-3505-5192-0