Pësperkëscht

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eng Pësperkëscht op enger Naturbün

Eng Pësperkëscht ass eng am Theater vir ënner d'Bün an de Buedem eragebaut kleng Këscht, déi knapps eng 25 cm erauskuckt, a wou traditionell de Souffleur drasëtzt, deen den Acteure vun do aus hiren Text zoupëspert, wa se en Hänkert hunn.

Hautdesdaags gëtt et a villen Theatere keng Pësperkëscht méi, well de Souffleur entweeder op der Säitebün oder tëscht de Spectateure sëtzt a vun do aus pëspert, oder ganz anzwousch anescht sëtzt a mat Funk den Acteuren direkt iwwer en Empfänger an d'Ouer schwätzt.