Palau de la Música Catalana
Bannenan | |
Land | Spuenien |
---|---|
Plaz | Barcelona |
Koordinaten | 41° 23’ 14,8’’ N 02° 10’ 31,9’’ E |
Fläch | 0,13 ha |
Baustil | Modernisme |
Status | UNESCO-Weltkulturierwen |
Datum vum Bau | 1905-1908 |
De Palau de la Música Catalana (katalounesch fir Palais vun der kaltalanescher Musek) ass e Concertssall zu Barcelona. E gouf vum katalouneschen Architekt Lluís Domènech i Montaner geplangt an entworf, an tëscht 1905 an 1908 gebaut. De Bau war vu katalouneschen Textilindustriellen a Museksfrënn finanzéiert ginn. Ë. a. dem Alban Berg säi Violinneconcert hat do 1936 seng Weltpremière.
D'Gebai ass zanter 1997, zesumme mam Hospital de la Santa Creu i Sant Pau, vun der UNESCO als Weltkulturierwe klasséiert.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
D'Gebai war ursprénglech als Sëtz vum katalounesche Chouer Orfeó Català konzipéiert - wat och haut nach de Fall ass. Dofir war d'Akustik vum Sall och op d'optimaalt Klangbild fir Chouermusek ausgeriicht. Méi spéit goufen déi hëlze Sëtzer ënnen drënner mat engem Material tapisséiert dat de Schall absorbéiert, fir och eng gutt Akustik fir Orchestermusek z'erméiglechen.
Biller[änneren | Quelltext änneren]
Pegasus um Ufank vum 2. Balkon.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Palau de la Música Catalana – Biller, Videoen oder Audiodateien |