Panzerkampfwagen VI Tiger

Vu Wikipedia
Panzerkampfwagen VI Tiger
Tiger I

Tiger I, 1943 bei Tunis
an den Hänn vun den Alliéierten

Allgemeng Donnéeën
Besatzung 5
Längt 8,45 m
Breet 3,55 m
Héicht 3,0 m
Gewiicht 56,9 t
Panzerung a Bewaffnung
Panzerung 25 - 110 mm
Haaptbewaffnung 1 Kanoun 88 mm
KwK 36L/56
(92 Granaten)
Kleng Waffen 2 × 7,92 mm
MG 34
(5700 Schëss)
Beweeglechkeet
Motor Maybach HL 230 P 45 V-12
(Bensinn)
Leeschtung 515 kW (700 PS)
Fiederung Staffiederung
Héchstvitess 38 km/h (20 am Terrain)
Verhältnes PS / t 12,3 PS/t
Aktiounsrayon 195 km

Den Tiger I war en däitschen Tanks, an zwar ee vun de bekanntsten an ee vun de stäerksten Tanksen, déi am Zweete Weltkrich zum Asaz komm sinn. Hie war dem US-amerikanesche Sherman, dem russeschen T-34 an och dem däitsche Panther iwwerleeën.

Am Géigesaz zu den aneren däitschen Tanksen ass en ni an enger grousser Stéckzuel an de Kampfgebidder opgetratt. Hien huet sech duerch seng Dimensiounen, säi Gewiicht a seng Duerchschlaagskraaft ausgezeechent a gouf doduerch gewëssermoossen zu engem Mythos. Mat senger Entwécklung gouf 1937 ugefaangen, a wéi en den 29. August 1942 fir d'éischt bei Leningrad agesat gouf, hat den Tiger I dat duebelt Gewiicht wéi seng Virgänger.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Panzerkampfwagen VI – Biller, Videoen oder Audiodateien
Tiger vu Vimoutiers, ee vun den zwéin déi a Frankräich bliwwe sinn. Den anere steet zu Saumur