Paparazzi
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
Paparazzi (méi rar Sgl. Paparazzo) gi Fotografe genannt, déi heemlech, dacks mat groussem Opwand (mat Teleobjektiver, no laangem Waarden, aus enger Stopp eraus) Fotoen aus dem Privatliewe vu prominente Leit maachen, fir dës un d'spezialiséiert Press ze verkafen.
Den Numm kënnt vun engem Personnage (engem Fotograf) aus dem Film La dolce vita vum Federico Fellini.