Parc naturel régional du Haut-Languedoc
De Parc naturel régional du Haut-Languedoc ass ee vun den 53 regionalen Naturparken (Parcs naturels régionaux; PNR) a Frankräich, an der franséischer Regioun Occitanie. E gouf 1973 geschaf an ass domat ënnert den éischten a Frankräich.
De Parc naturel régional du Haut-Languedoc läit um südleche Wupp vum Massif central, mat engem Deel am Departement Tarn an engem am Hérault. E grenzt am Nordosten un de Parc naturel régional Grands Causses. D'Stied ronderëm, déi gewëssermoossen d'Paarten fir an de Parc sinn, si Castres, Revel, Saint-Chinian a Lodève. De Park erstreckt sech iwwer 119 Gemenge mat am Ganzen eppes iwwer 90.000 Awunner op 306.000 Hektar.
Den Haut-Languedoc ass dräi verschiddene Klimaaflëss ausgesat: Mëttelmierklima am Süden an am Osten, atlantesche Klima am Westen a Kontinentalklima am Norden. Och d'Geologie ass relativ komplex. Deementspriechend ass d'Landschaft ganz variéiert; et gëtt siwe grouss Géigenden ënnerscheet:
- Sidobre
- Monts de Lacaune
- Montagne de l'Espinouse a Caroux-Massiv
- Monts d'Orb
- Plateau des Lacs
- Montagne Noire
- Vignes et Vallées.
Galerie
[änneren | Quelltext änneren]-
Südleche Wupp vun de Gorges d'Héric, Mons, Hérault.
-
De Roc du Mayne (886 m), an der Gemeng Rosis
-
Palombière bei Douch (Rosis, Hérault).
-
Montagne d'Aret (Rosis,Hérault).
-
Gorges d'Héric (Rosis, Hérault).
Gemengen am Naturpark
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Parc naturel régional du Haut-Languedoc, Charte 2011-2023
- Parc naturel régional du Haut-Languedoc, Atlas
- Parc naturel régional du Haut-Languedoc, cartes d'identité
- Parc naturel régional du Haut-Languedoc, 50 fiches patrimoines « A la découverte du Parc naturel régional du Haut-Languedoc »
- Parc naturel régional du Haut-Languedoc, Faune et patrimoine bâti, collection « Cahiers techniques »
- Parc naturel régional du Haut-Languedoc, Construire en pierres sèches, collection « Cahiers techniques »
- Parc naturel régional du Haut-Languedoc, Espèces emblématiques du Parc naturel régional du Haut-Languedoc, collection « Cahiers techniques »
- Pyrénées Magazine, Cahiers du Patrimoine, supplément au numéro 135, Haut-Languedoc, La montagne des deux midis, mai-juin 2011, éd. Milan Nature et Territoires
- Terre Sauvage Territoires remarquables, supplément au numéro 252 de Terre Sauvage, Haut-Languedoc, Montagnes à l'accent du midi, éd. Milan Nature et Territoires
- Haut-Languedoc, balcon cévenol, par André Théron
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Parc naturel régional du Haut-Languedoc – Biller, Videoen oder Audiodateien |