Perl (Programméiersprooch)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Programméiersprooch Perl. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Perl (Homonymie).
Programming Republic of Perl Logo.

Perl ass eng villfälteg Programméiersprooch a steet fir Practical Extraction and Reporting Language.

Allgemenges[änneren | Quelltext änneren]

D'Sprooch ass an de Mëtt-Achtzegerjore vum Larry Wall entwéckelt ginn, wéi hie probéiert huet eng Usenet-aarteg Hierarchie vun Dateie fir e Bug-Reporting-System ze schreiwen, wou Awk, eng aner performant Programméiersprooch, einfach net méi duergaangen ass.

Syntax[änneren | Quelltext änneren]

D'Syntax berout op praktesche Consideratiounen. Dat heescht am Fong näischt anescht, wéi datt de Larry Wall aus ville verschiddene Programméiersproochen dat bescht zesummegesicht an dunn implementéiert huet. Déi dräi wuel bekanntst Sproochen, déi als Virlag gëlle kënnen, sinn C, Sed an Awk.

Programmbeispill[änneren | Quelltext änneren]

De follgende Quelltext ass e Beispill fir en Hello-World-Programm a Perl

#!/usr/bin/perl

print "Hello, world!\n";

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

Perl ass eng vun de meeschtbenotzte Sproochen, déi bei CGI benotzt gëtt, a gëtt dowéinst gär als Sprooch, déi de Web zesummenhält betitelt.

Bicher iwwer Perl[änneren | Quelltext änneren]

Déi meescht gutt Perl Bicher kommen aus dem O'Reilly-Verlag. Opzeziele wieren:

  • Learning Perl
  • Perl Cookbook
  • Programming Perl

Méi uwennungsspezifesch, awer och ganz interessant sinn:

  • Perl & XML an
  • Perl for Web Site Management

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Perl (Programméiersprooch) – Biller, Videoen oder Audiodateien