Op den Inhalt sprangen

Peter Fox

Vu Wikipedia
Peter Fox
Gebuertsnumm Pierre Steffen Baigorry
Gebuer 3. September 1971
Berlin
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Museker, Liddermécher, Museksproduzent, Rapper
Websäit https://www.peterfox.de

De Peter Fox, gebuer den 3. September 1971 zu Berlin als Pierre Baigorry, och bekannt als Enuff a Pete Fox, ass en däitsche Reggae- an Hip-Hop-Museker.

Hie gouf bekannt duerch seng Band Seeed, als Peter Fox kennt een hien awer eréischt zanter senger Solocarrière.

A senger Kandheet huet de Peter Fox ugefaange Blockflütt a Piano ze spillen. Hie war och am Schönower Posaunenchor vertrueden. Hien huet d'Französiches Gymnasium zu Berlin besicht, huet säin Abitur allerdéngs ob enger anerer Schoul gemaach. Hien huet eng Léier als Klavierbauer gemaach, déi en awer spéider ofgebrach huet. Hien huet och nach e Musekstudium an eng Sonderschulpädagogik ugefaangen, mam Zil Sonderschullehrer fir behënnert Leit ze ginn.

2001 hat de Peter Fox eng Gesichtslähmung, déi leider ze spéit erkannt gouf an och haut nach ze erkennen ass, wann hie séngt. 1998 koum hie bei d'Popgrupp Seeed, mat där hie groussen Erfolleg hat. 2007 huet hie mat senger Solocarrière ugefaangen. Säin éischten a leschten Album Stadtaffe gouf am September 2008 parallel zur éischter Single "Alles Neu" verëffentlecht.

Et goufen nach 2 weider Singelauskopplunge verëffentlecht: "Haus Am See" an "Schwarz Zu Blau". Mat dësem Titel war hien um Bundesvision Songcountest fir Berlin vertrueden an huet däitlech déi 1. Plaz erreecht. Net all ze laang duerno huet de Peter Fox verëffentlecht, datt hie mat senger Solocarrière no senger Tournee ophale wëll, well him de Rummel ëm seng Persoun ze grouss gouf. Hie géif zeréck bei Seeed goen a mat hinnen am Joer 2010 en neien Album erausbréngen, wat am September 2012 och mam Album SEEED geschitt ass.

Joer Titel Chartplazéierung
2008 Stadtaffe DE: 1
CH: 1
AT: 4
2023 Love Songs DE: 1
CH: 1
AT: 1
Joer Titel Chartplazéierung
2008 Alles neu DE: 4
CH: 49
AT: 11
2008 Haus am See DE: 8
CH: 16
AT: 6
2009 Schwarz zu blau DE: 3
AT: 36
CH: 17
2022 Zukunft Pink DE: 1
AT: 3
CH: 21
2023 Vergessen wie DE: 11
AT: 40
2023 Weiße Fahnen DE: 29
AT: 74
2023 Ein Auge blau DE: 14
AT: 39
2023 Toscana Fanboys DE: 50
2024 Toast DE: 15
AT: 41
CH: 71
2024 Blackbirds BLN /
2024 Night Ride /
 Commons: Peter Fox – Biller, Videoen oder Audiodateien