Phytotherapie

Vu Wikipedia

D'Phytotherapie ass eng unerkannte Wëssenschaft an e vollwäertegen Deel vun der Medezin. Dës Wëssenschaft berout op der Analys vun de Wierkstoffer vun de Planzen an hir Wierkung op de mënschlechen Organismus.

D'Wierkung vu phytotherapeutesche Medikamenter gëtt duerch hir planzlech Zesummesetzung bestëmmt. D'Phytotherapie soll als Basisbehandlung mat enger schounender Wierkung Krankheete virbeugen a chronesch Problemer behandelen, mä ass net als Medikament bei akute Krankheeten, wou eng séier Wierkung gebraucht gëtt, geduecht. Si wierkt ouni den Organismus unzegräifen a reegt den Immunsystem un ouni Niewewierkungen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Craig, V., 2015. Heilpflanzen auf dem Kirchberg. 71 S. Fonds Kirchberg, Luxembourg. {de} PDF 12 MB
  • Craig, V., 2015. Medicinal flora on the Kirchberg. 71 S. Fonds Kirchberg, Luxembourg. {en} PDF 12 MB
  • Craig, V., 2015. La flore aux vertus médicinales au Kirchberg. 71 S. Fonds Kirchberg, Luxembourg. {fr} PDF 12 MB

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]