Piet Keizer

Vu Wikipedia
Piet Keizer
Gebuer 14. Juni 1943
Amsterdam
Gestuerwen 10. Februar 2017
Amsterdam
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Foussballspiller
Gréisst 1,75 m

De Peter Johannes (Piet) Keizer (* 14. Juni 1943) ass e fréieren hollännesche Foussballspiller. Tëscht 1962 an 1974 huet hien a 34 Lännermatcher fir déi hollännesch Nationalekipp gespillt an dobäi eelef Goler geschoss.

De Keizer war an de 60er a 70er Joren ee vun de beschte Spiller an Holland. Mat 17 Joer huet hie fir d'éischt am Kader vum Ajax Amsterdam gespillt, an ee Joer méi spéit war en an der Nationalekipp.

Mam Ajax Amsterdam war de Keizer sechsmol hollännesche Meeschter a fënnefmol Coupe-Gewënner. Tëscht 1972 an 1974 huet e mat sengem Veräin dräimol hannereneen d'UEFA-Coupe vun de Landesmeeschtere gewonnen an 1972 och d'Coupe du Monde.

De Keizer huet beim Ajax Amsterdam an 365 Matcher matgespillt a steet domat op der 4. Plaz vun de meeschten Asätz am Veräin.