Pjotr Tichonowitsch Kiritschek

Vu Wikipedia
Pjotr Tichonowitsch Kiritschek
Gebuer 1902
Gestuerwen 1968
Educatioun Conservatoire vu Moskau
Aktivitéit Operesänger

De Pjotr Tichonowitsch Kiritschek (Пётр Тихонович Киричек; 1902-1968) war e russesche Sänger (Bass-Bariton).

En ass an enger Famill vu Minenarbechter opgewuess a war mat der berüümter Pianistin Marija Israilewna Grinberg bestuet, déi en am Ufank vun senger Carrière ënnerstëtzt huet.

Hien huet de Moskauer Conservatoire mat "exzellent" ofgeschloss. En ass als Solist am Bolschoi-Theater an am staatlechen Televisiouns- a Radioskanal vun der Sowjetunioun opgetrueden[1][2].

Säi Repertoire bestoung virun allem aus sowjetesche Kompositiounen. Dës Lidder hate meeschtens e staarke politeschen an ideologesche Charakter[2].

Nieft Theater an Oper ass de Pjotr Kiritschek dacks op improviséierte Concerten, op Schantercher, op Schëffer, a Betriber, a Feldlageren a bei der Arméi opgetrueden. Wärend dem Grousse Vaterländesche Krich huet hien ongeféier 1500 Concerten direkt un der Front ginn. Hie war ee vun deene éischten, deen déi vill sowjetesch Lidder gesongen huet an huet se doduerch bekannt gemaach[2].

1940 huet hien am Film Gibel "Orla" d'Roll vun engem Matrous, dee séngt, iwwerholl.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://slovari.yandex.ru/[27.12.2011]
  2. 2,0 2,1 2,2 http://sovmusic.ru/person.php?idperson=89[27.12.2011]