Plovdiv

Vu Wikipedia
Plovdiv
Vue op Plovdiv
Land Bulgarien
Vewaltungseenheet Oblast Plovdiv
Awunner 370.975
  15. Mäerz 2024; 15. Mäerz 2024
Fläch 101,98
Héicht 164
Koordinaten 42° 9’ 00’’ N
      24° 45’ 00’’ O
Telefonszon 032
Postcode 4000
LAU-Code BG56784
Websäit http://www.plovdiv.bg

Plovdiv oder Plowdiw (op Bulgaresch: Пловдив) ass déi zweetgréisst Stad a Bulgarien. Si läit am Zentrum vum Land um Floss Maritsa, südëstlech vun der Haaptstad Sofia.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Plovdiv an d'Ëmgéigend si schonn zënter JoerDausende besidelt. Ee vun der Stad hire fréieren Nimm war Philippopolis (Griichesch: Φιλιππούπολη), benannt nom Philipp II. dee s'am 4. Joerhonnert virun eiser Zäitrechnung eruewert hat. Spéider gouf se nach vun de Perser, de Griichen, de Kelten, de Réimer, de Gothen, den Hunnen, de Bulgaren, de Waräger, de Kräizzichler an den Tierke besat. 1878 huet d'russesch Arméi d'osmanescht Räich aus der Stad verdriwwen a se zur Haaptstad vu Bulgarien mat enger russescher Regierung erkläert. Well déi aner Groussmuechten Angscht haten, Russland géif ze mächteg ginn, hu si protestéiert a Bulgarien ass an zwee gedeelt ginn. Plowdiw ass an Ostrumelien bliwwen, dat dem osmanesche Räich als Vasalle-Provënz ënnerstallt war, a Sofia ass d'Haaptstad vum Rescht vu Bulgarien ginn. De 6. September 1885 hunn Opstänneger d'Unioun vun Ostrumelien mam Rescht vu Bulgarien erkläert.

Zënter den 1960er Joren ass Plovdiv e Standuert fir international Foiren.

2019 ass Plovdiv, zesumme mat Matera an Italien, Europäesch Kulturhaaptstad.

Wirtschaft[änneren | Quelltext änneren]

No Sofia ass d'Regioun Plovdiv déi wichtegst Industrieregioun am Land. Et fënnt een do vill Betriber aus der Liewensmëttel- a Genossmëttelindustrie, Konsumgidder, Metallurgie an Textilindustrie. Och d'Foirë sinn e wichtege Wirtschaftsfacteur.

Biller[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Plovdiv – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]