Plow

Vu Wikipedia
Gedeckten Dësch mat Plow

Plow (usb. Osh/Palov, russ.: плов/Plow) ass en ursprénglech orientalesche Plat, deem säin Haaptbestanddeel Räis ass. E gëtt an Zentralasien an enger grousser Pan oder engem Dëppe mat Hämmelfleesch (eventuell Randfleesch), Fett oder Ueleg, Muerten an Ënne gekacht. Duerno kënnt Laangkärräis dobäi an da gëtt dat Ganzt mat Waasser bedeckt, gekacht an duerno mat zouenem Deckel gedämpt.

Et gëtt eng Abberzuel lokal Varianten, dorënner och méi séisser wou gedréchent Aprikosen oder Korënten driwwer gestreet a matgekacht ginn.

Usbekesche Plow gëllt als mat dat eelst an authenteschst Rezept. En ass do dat beléiftst Iessen a gëtt traditionell all Donneschden a Sonnde grad sou wéi fir Festiesse vu Männer gekacht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Plow – Biller, Videoen oder Audiodateien