Op den Inhalt sprangen

Plovdiv

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Plowdiw)
Plovdiv
Land Bulgarien
Awunner 329.489 (31. Dezember 2024)
Fläch 101,981 km²
Koordinaten 42°8'31,510"N, 24°44'29,234"O
Zäitzon UTC+2
Telefonszon 032
Postcode 4000
Websäit https://plovdiv.bg

Plovdiv oder Plowdiw (op Bulgaresch: Пловдив) ass déi zweetgréisst Stad a Bulgarien. Si läit am Zentrum vum Land um Floss Maritsa, südëstlech vun der Haaptstad Sofia.

Plovdiv an d'Ëmgéigend si schonn zënter JoerDausende besidelt. Ee vun der Stad hire fréieren Nimm war Philippopolis (Griichesch: Φιλιππούπολη), benannt nom Philipp II. dee s'am 4. Joerhonnert virun eiser Zäitrechnung eruewert hat. Spéider gouf se nach vun de Perser, de Griichen, de Kelten, de Réimer, de Gothen, den Hunnen, de Bulgaren, de Waräger, de Kräizzichler an den Tierke besat. 1878 huet d'russesch Arméi d'osmanescht Räich aus der Stad verdriwwen a se zur Haaptstad vu Bulgarien mat enger russescher Regierung erkläert. Well déi aner Groussmuechten Angscht haten, Russland géif ze mächteg ginn, hu si protestéiert a Bulgarien ass an zwee gedeelt ginn. Plowdiw ass an Ostrumelien bliwwen, dat dem osmanesche Räich als Vasalle-Provënz ënnerstallt war, a Sofia ass d'Haaptstad vum Rescht vu Bulgarie ginn. De 6. September 1885 hunn Opstänneger d'Unioun vun Ostrumelien mam Rescht vu Bulgarien erkläert.

Zënter den 1960er Joren ass Plovdiv e Standuert fir international Foiren.

2019 ass Plovdiv, zesumme mat Matera an Italien, Europäesch Kulturhaaptstad.

No Sofia ass d'Regioun Plovdiv déi wichtegst Industrieregioun am Land. Et fënnt een do vill Betriber aus der Liewensmëttel- a Genossmëttelindustrie, Konsumgidder, Metallurgie an Textilindustrie. Och d'Foirë sinn e wichtege Wirtschaftsfacteur.

 Commons: Plovdiv – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]