Polarkreis 18

Vu Wikipedia
Polarkreis 18
Polarkreis 18 (2009)
Genre: Synthiepop, Indietronic, Postrock
Land: Däitschland
Grënnung: 1998 als Jack of All Trades
2004 als Polarkreis 18
Websäit: www.polarkreis18.de
Memberen
Gesank, Gittar, Piano: Felix Räuber
Gittar, Piano: Philipp Makolies
Batterie: Christian Grochau
Bass: Uwe Pasora
Piano, Gittar, Trompett: Ludwig Bauer
Fréier Memberen
Gittar: Hans-Christoph Kotzsch
Piano, Elektronik: Silvester Wenzel

Polarkreis 18 ass eng Popgrupp vun Dresden, déi sech aus der Band Jack of all Trades entwéckelt huet. Stilistesch mësche Polarkreis 18 Pop, Synthie-Pop, Postrock an Indietronic.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'éischt Verëffentlechung vu Polarkreis 18 war en 5-Track-Album am Joer 2004, dat een vun der Band senger Website gratis erofluede konnt. Eng Besonneschheet ass de Klangfilm[1], den den 2. Oktober 2005 zu Dresden zur Konzertvisualiséierung fir d'éischt Kéier opgeféiert gouf an zanterhier op de Concerte vun der Band am Hannergrond oder an de Pause gespillt gëtt.

2006 huet d'Band déi zweet Plaz beim "f6 Music Award" gemaach a beim "PlugIn-Festival" gewonnen, woufir se en Kontrakt bei der Plackefirma "Motor Music" krouten. De 16. Februar 2007 ass den Debutalbum "Polarkreis 18" erauskomm.

Am Februar 2008 huet d'Band am Virprogramm bei der Däitschland-Tournee vun de Smashing Pumpkins gespillt. Am Oktober 2008 ass den Titelsong Allein Allein zum Film Krabat verëffentlecht ginn, deen et op déi éischt Plaz vun den däitsche Singlecharts gepackt huet. Och an Éisträich (#2) an der Schwäiz (#7) huet en et an d'Top 10 bruecht. Den däitsch-, englesch- an däneschsproochege Remix Allein, alene vun der Rockgrupp Nephew war am Oktober 2008 op der drëtter Plaz an den dänesche Single-Charts. Den zweeten Album vu Polarkreis 18 mam Titel The Colour of Snow koum de 17. Oktober 2008 eraus.

Am November 2010 huet Polarkreis 18 den Album Frei publizéiert, vun deem Unendliche Sinfonie déi éischt Singleauskopplung war.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2002: Teaser (als Jacks Of All Trades)
  • 2007: Polarkreis 18
  • 2008: The Colour of Snow
  • 2010: Frei

Singles[änneren | Quelltext änneren]

  • 2008: Allein Allein
  • 2009: The Colour of Snow
  • 2009: Happy Go Lucky
  • 2010: Unendliche Sinfonie

Polarkreis 18 zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Polarkreis 18 ass zweemol zu Lëtzebuerg opgetrueden: de 7. August 2009 um e-Lake festival‎ zu Iechternach an den 8. Abrëll 2011 an der Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Klangfilm op Youtube

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Polarkreis 18 – Biller, Videoen oder Audiodateien