Poutine

Vu Wikipedia
Klassesch Poutine am Restaurant
Poutine als Fast Food

D'Poutine ass eng Fast-Food-Spezialitéit aus Kanada, déi aus Fritten, Cheese curds an driwwer enger bronger Zooss besteet.

D'Fritte si meeschtens méi déck geschnidde wéi déi franséisch wann och net grad sou déck wéi déi belsch, an heiansdo si se duebel frittéiert wat se bausse knuspreg a banne mëll mécht. D'Cheese curds si Kéisgrimmelen, eigentlech Broch mat engem mëlle bis liicht salzegem Goût. D'brong Zooss ass wéi bei engem Schnuddelhungs-, Poulets- oder Kallefsbrot, ganz e bësse salzeg a mëll gewierzt mat e bësse Peffer, mat enger gewësser Substanz awer leefeg genuch fir an d'Fritten a Kéisgrimmelen erofzesickeren.

Originn[änneren | Quelltext änneren]

D'Poutine gouf Mëtt oder Enn vun den 1950er Joren am ländleche Québec erfonnt[1]. Direkt e puer Restauranten aus der Géigend vum Centre-du-Québec beusproche fir sech Erfinder vum Kascht ze sinn (Le Roy Jucep zu Drummondville, Le Lutin qui rit zu Warwick a La Petite Vache zu Princeville), mee et gëtt kee Konsens ween et da lo wierklech war[1],[2],[3].

Iwwer d'Etymologie vun der Poutine gëtt grad sou gestridden. Linguiste vermudden datt d'Wuert Famill ass mam Okzitanesche poutringo ("Allerlee") oder och mam Provenzalesche poutingo ("Eintopf aus Reschter"). Eng Beaflossung vum englesche Pudding gëtt och net ausgeschloss. Den éischte Beleeg fir den haitege Wuertsënn ass aus dem Joer 1978.

Poutine gouf ursprénglech a klengen Diners (eng Zort Kantin oder Casse-croûte am Québec), Pubs, Frittebuden an Hockey Arenaen zerwéiert[4]. Dementspriechend schlecht war de Ruff vum Fast-Food-Kascht. Hautdesdaags kann ee Poutine awer an all Zort Restaurant fannen[4], wat och sengem Ruff guttgedoen huet well lo ass et praktesch e Symbol vum kulturellen Houfert vum Québec.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Poutine – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Théorêt, Charles-Alexandre (2007). Maudite poutine!. Montréal: Héliotrope. S. 12–31. ISBN 9782923511078. OCLC 166321360
  2. Poutine, wee war deen éischten deen de Kascht zesummegesat huet, Artikel am National Post vum 5. Oktober 2016
  3. The war of the curds, Artikel am The Star vum 8. November 2008]
  4. 4,0 4,1 Poutine Dynamics, Artikel vum Nicolas Fabien-Ouellet am Cuizine, 2016