Prabbeli

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat de Prabbeli als Schutz viru Reen a Sonn. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Prabbeli (Homonymie).
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Gustave Caillebotte: "La Place de l'Europe, temps de pluie"

E Prabbeli ass e Gebrauchsgéigestand, bei deem e Stéck Stoft oder Plastik op engem Still a Speechen opgespaant ass, an dee sech op- an zoumaache léisst. En déngt dozou, viru Sonn oder Reen ze schützen.

Den Hans Haupt vu Solingen huet 1928 den éischte Prabbeli erfonnt, deen en zesummefale konnt. Seng Erfindung gouf den 23. November 1934 patentéiert. Den Haupt huet dee Prabbeli Knirps genannt.

D'Wuert Prabbeli kënnt vum Franséische parapluie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Prabbelien – Biller, Videoen oder Audiodateien