Praia da Rocha
Ausgesinn
| Praia da Rocha | |
|---|---|
|
| |
| Land | Portugal |
| Vewaltungseenheet | Portimão |
| Koordinaten | 37°7'N, 8°32'W |
|
| |
Praia da Rocha (Lëtzebuergesch: Fielsestrand) ass eng bekannt a beléift Plage an der Algarve a Portugal. Si läit tëscht Portimão an Alvor. Entstanen ass déi zirka 1,5 km laang Küstestreck duerch d'Aktioun vum Mierwaasser op den haarde Fiels vun dëser zirka 20–30 m héijer géier Küst. Uewen op der Kant si vill Hoteller, Vakanzwunnengen a Geschäfter entstanen, déi vun där Lag profitéieren.
