Produktplacéierung

Vu Wikipedia
Eegereklamm duerch Produktplacéierung: Déi däitsch Boulevardszäitschrëft Die Woche weist 1902 eng Foto vun der Gräfin Johanna von Schaffgotsch, déi eng Editioun vun Die Woche an den Hänn hält.

D'Produktplacéierung oder Markeplacéierung ass eng Reklammstechnik bei där een e Produkt oder eng Mark a verschiddene Medie baussent den normalen an als sollech gekennzeechente Reklammszäiten a Formater ervirhieft.

Sou kann z. B. an Televisiounssendungen oder Filmer den Numm vum Produkt oder der Mark genannt, d'Produkt selwer als Requisit gebraucht, oder de Markelogo gewise ginn.

D'Annonceure probéiere sou, als Zousaz zu den traditionelle Reklammsmëttelen, fir hiert Produkt oder d'Mark an d'Bewosstsinn an an d'Gespréich ze bréngen, a schlussendlech dem Spectateur seng Kafgewunnechten ze beaflossen.