Pseudologie

Vu Wikipedia
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!

Pseudologie (v. griich.: pseudos - "falsch"; logos - "Ried"), och alt Münchhausen-Syndrom genannt, ass e krankhaft Verlaange vun engem Mënsch fir ze léien an z'iwwerdreiwen. D'Motivatioun ass meeschtens Geltungssucht oder Hysterie.

D'Pseudologia phantastica gëllt als sougenannt "abnorm Variatioun vum séilesche Wiesen" (Anton Delbrück 1891). An anere Wierder, eng beim Mënsch gewéinlech Charaktereegeschaft, hei nämlech den Drang zur Selbstduerstellung, ass an engem extreeme Mooss iwwersteigert. Als behandlungsbedürfteg gëllt s'awer eréischt, wann de Betraffenen dowéinst engem héije Leidensdrock ausgesat ass, z. B. well en

Déi Betraffen zeechne sech doduerch aus, datt se stänneg versichen, am Mëttelpunkt ze stoen. Si wëllen, meeschtens onbewosst, d'Opmierksamkeet op sech zéien, andeems se iwwerzeegend ausgeduecht Geschichte presentéieren, an deene si d'Haaptroll spillen. Si gëllen als extravertéiert a kennen d'Wierkung vu gekonnt agesate Stëmmungsschwankungen. Soulaang de Syndrom sech nach net extreem weist, gi se dowéinst vun hire Matmënschen dacks als passionant an amusant erlieft.

Problematesch gëtt et awer, wa säin Ëmfeld d'Realitéit, wéi se de Betraffene glafhaft duerzestelle versicht, permanent a Fro stellt. Hie gëtt dann als Spënner evitéiert a sozial isoléiert, a säi krankhaft gesteigerte Besoin no Unerkennung gëtt net befriddegt.

Et kann zu psychosomatesche Begleeterscheinunge kommen, wéi Schwindel, Häerzpéng, Lähmungsgefiller oder psychogen Ufäll. Déi vun enger Konversiounneuros (vereelzt: Hysterie) betraffe Mënschen erhoffen sech vu subjektiv gefillte Symptomer déi fir hiert Selbstbild néideg Opmierksamkeet.

Am - seelenen - Extreemfall täusche si Krankheetsbiller vir, fir laangwiereg Behandlungen oder souguer Operatiounen anzefuerderen. Beispillsweis spiere si déi hinne bekannt Zeeche vun engem Häerzinfarkt, oder si schlécke Glasschierbelen.