Quirijn van Regteren Altena

Vu Wikipedia
Quirijn van Regteren Altena
Aktivitéit Museker

De Quirijn van Regteren Altena ass en hollännesche Kontrabassist.

De Quirijn van Regteren Altena huet beim Anthony Woodrow am Sweelinck Conservatoire zu Amsterdam Kontrabass studéiert. Dunn ass en an d'USA gaangen, an en huet do beim Gary Karr an der Hartt School of Music säi Studium weidergefouert. Fir méi en afwiesslungsräiche Repertoire ze spillen huet hie säi musekalescht Liewen opgedeelt. Engersäits trëtt en als Solist op, an anerersäits ass hien de Kontrabassist vum hollännesche Schönberg Ensemble an den Haaptkontrabassist vum Den Haager Residentie Orkest ënner dem Evgeny Svetlanov.

De Quirijn van Regteren Altena ass och zäitweileg mam hollännesche Pianist Peter Beijersbergen van Henegouwen opgetrueden, mat deem hie Wierker vun der Sofia Gubaidulina a vum Arthur Honegger agespillt huet .

De Kënschtler spillt op engem Instrument, dat 1720 vum Gianbattista Grancino zu Mailand gebaut gouf.