Quiz

Vu Wikipedia
E Quiz op der hollännescher Télé (2009)

E Quiz ass eng Zort Spill bei deem de Spiller, entweeder eleng oder an enger Ekipp, probéiere muss Denksportaufgaben oder Wëssensfroe korrekt ze beäntweren. A verschiddene Länner gëtt e Quiz och an der Bildung oder änleche Beräicher ugewant fir d'Entwécklung vum Wëssen oder de Fäegkeeten ze moossen.

An deene meeschte Quizze gi Punkte fir all richteg Äntwert verdeelt a generell gewënnt eng Persoun aus enger Grupp vu verschiddene Participante mat de meeschte Punkten.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]