Räissmeter

Vu Wikipedia
E Räissmeter mat riets dem Rësser

E Räissmeter ass e Geschier dat an der Forstwirtschaft gebraucht gëtt fir Bamstämm oder Äscht ofzelängen.

Et ass eng ee Meter laang Holz- oder Aluminiumslat, déi op enger Säit eng eise Spëtzt huet an op der anerer Säit e Rësser mat deem een en Zeechen an d'Schuel ka rëtzen.