RTL4

Vu Wikipedia
De Sëtz vun RTL Nederland zu Hilversum

RTL4 ass e lëtzebuegesche privaten Televisiounssender an hollännescher Sprooch.

De Sender ass zu Lëtzebuerg terrestresch an an Holland via Kabel a Satellit z'empfänken.

RTL4 huet den 2. Oktober 1989 ënner dem Numm RTL-Véronique als Jugendsender ugefaangen. 1990 gouf en an RTL4 ëmbenannt. Et ass eng lëtzebuergesch Gesellschaft a keng hollännesch, wéinst dem hollännesche Mediegesetz, dat méi streng ass wéi dat Lëtzebuerger.[1],[2]

D'Programmer ginn zu Hilversum vun der RTL Nederland Holding BV produzéiert an zu Lëtzebuerg ausgestraalt. RTL Nederland Holding BV gehéiert zu 73% der RTL Group.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: RTL 4 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.encie.nl/definitie/Commissariaat_voor_de_Media
  2. http://www.rtl.nl/service/rtlnederland/corporate/