Ramayana

Vu Wikipedia

D'Ramayana, op Sanskrit रामायण rāmāyaṇa, ass en alindeschen Eepos, geschriwwe vum Valmiki.

Et ass mat dem Mahabharata dee wichtegsten Text vun der Sanskrit-Literatur.

Ëm wat et geet[änneren | Quelltext änneren]

D'Wierk besteet aus siwe Bicher:

1. Balakanda, d'Buch vun der Jugend[änneren | Quelltext änneren]

Zu Ayodhya herrscht de Kinnek Dasaratha. Obwuel hien dräi Fraen hat, huet hien dorënner gelidden, datt e keng Kanner hat. Dofir huet hien e grousst Päerdsaffer organiséiert. Dofir versammele sech d'Gëtter an souguer de Vischnu, de Meeschter vun der Welt ass mat dobäi. Hie versprécht hinnen alles, wat si hie gefrot hunn: Sech ze véierdeelen a sech z'inkarnéieren an dem Kinnek seng Fraen, an de béise Ravana doutzemaachen. Da veschwënnt de Vischnu an e prächtegt Wiesen, "rout ugedoen, immens staark, mat engem roude Mond an enger Stëmm wéi eng deck Tromm" spréngt aus dem Afferfeier, "e Baart wéi de Pelz vun engem Léiw, g'Gréisst vun engem Bierg". An der Hand hat dat gëttlecht Wiesen eng gëlle Schossel mat engem Deckel aus Sëlwer, an an der Schossel war Räis mat "gëttlecher Mëllech". Déi huet de Kinnek da senge Fraen z'iesse ginn, déi alleguer schwanger gi sinn. D'Kinnigin Kaushalya gëtt d'Mamm vum Rama, der Kaikeyi hire Jong ass de Bharatha, an d'Sumitra kritt der zwéin, de Laksmana an de Schatrugna.

De Rama an de Laksmana wuessen zusummen op. Wéi se erwuesse waren, si se weidergereest bei de Floss Ganges. Do wollte se trainéiere fir spéider dem Ravana seng béis Geeschter doutzemaachen. Duerno kommen déi zwéi Bridder bei de Kinnek vu Videha, dem Janaka. Deem säin Adoptivmeedchen ass bereet, sech mat deem ze bestueden, deen et fäerdegbréngt, e risege Bou ze spanen. Et ass de Rama, deen de Bou spaant bis datt e brécht. Dofir kritt hien d'Sita als Fra.

Dat war zu der Zäit, wéi de béise Geeschterchef Ravana am Gaang war géint d'Gëtter ze krichen. Déi hunn de Vischnu gefrot, fir hinnen ze hëllefen. Doropshi kënnt de Vischnu als Jong vum Kinnek Dasaratha a senger Fra Kausalya op d'Welt.

2. Ayodhyakanda, d'Buch vun Ayodhya[änneren | Quelltext änneren]

No enger Zäitche spiert den Dasaratha, datt en al ginn ass an hien decidéiert fir zu Gonschte vu sengem eelste Jong Rama ofzedanken, a sech an de Bësch ze verzéien. Astrologe beroden a leeën de Kréinungsdag fest. Awer kuerz virun deene Feierlechkeete gëtt de Rama Affer vun enger Intrig. Eng gebockelegt Déngerin bréngt eng vum Kinnek sengen anere Fraen, d'Kaikeyi dozou fir bei de Kinnek ze goen an deen un déi zwee Verspriechen z'errënneren, déi deen hir gemaach hat, wéi se him viru laanger Zäit d'Liewe gerett hat. Si kritt dann hir Wënsch erfëllt: Hiren eegene Jong, de Bharata soll Kinnek ginn an de Rama soll fir 14 Joer verbannt ginn. Dem ale Kinnek gefält dat net, mä hie kann net hanner seng Wierder goen. De Rama geet mat senger Fra Sita a mat sengem Brudder Laksmana fort. Kuerz drop stierft de Kinnek vun Häerzeleed. Awer de Bharata ass e gudde Kärel, hie wëll guer net op den Troun, mä hie mécht sech op d'Sich nom Rama. Hie fënnt en, a schléit em vir, heem ze kommen an den Troun z'iwwerhuelen. De Rama hält awer drop, fir déi 14 Joer net heem ze kommen.

3. Aranyakanda, d'Buch vum Bësch[änneren | Quelltext änneren]

Hei huet de Rama munnech Aventuren ze bestoen, wéi z. B. e Kampf mam Ris Viradha. Da fale se der Schwëster vum Ravana, der Surpanakhaan, an d'Gräpp. Déi verléift sech an de Rama a hätt hie gär fir sech, mä dee schléit vir, si soll sech un de Laksmana halen, well dee wier net bestuet. Wéi deen och näischt vun hir wësse wëll, an déi Ongemelléch och nach d'Sita friesse well, heet de Laksmana hir d'Oueren an d'Nues erof. D'Risin bréngt sech bei hire Brudder a Sécherheet, deen de Rama mat enger Geeschterarméi ugräift.

4. Kiskindhakanda, d'Buch vum Räich vun den hellegen Afen[änneren | Quelltext änneren]

5. Lankakanda oder Sundarakanda, das schéint Buch[änneren | Quelltext änneren]

6. Yuddhakanda, d'Buch vum Krich[änneren | Quelltext änneren]

7. Uttarakanda, dat lescht Buch[änneren | Quelltext änneren]

D'Roll vum Ramayana an der Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Gaurinath Shastri, History of Classical Sanskrit Literature 1943, Calcutta, Reprint 1987, Motilal Banarsidass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ramayana – Biller, Videoen oder Audiodateien