Ramazzotti

Vu Wikipedia

Opgepasst: Hei geet et ëm de Likör Ramazzotti. Fir de Sänger mam Numm Ramazzotti, kuckt wgl. Eros Ramazzotti..


De Ramazzotti ass e Kraiderlikör aus Italien.

E besteet aus 33 verschiddene Kraider a Wuerzelen aus der ganzer Welt a gëtt ouni Faarf- an Aromastoffer hiergestallt.

Et ass e geheimt Familierezept dat 1815 entstanen ass.

Den Amaro Ramazzotti kann een als Digestif oder einfach sou genéissen, puer, mat Äis, mat Zitroun oder als Longdrink mat Orangëjus.

Zanter 2000 ass dat neist Ramazotti Gedrénks de Ramazzotti Menta, wou nach frësch Mënz dobäi kënnt, an dee speziell als Longdrink mat Kiischtejus grousse Succès huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]