Recycling

Vu Wikipedia
Dat internationaalt Symbol vum Recycling.

Recycling oder Recyclage ass e Prozess, an deem Offall ëmgewandelt gëtt a Materialien oder Produkter, déi nei benotzt kënne ginn. Dee Prozess erlaabt et, de Konsum vu Réistoffer an Energie, an d'Verschmotzung vun der Loft an dem Waasser ze reduzéieren.[1] Mam Recycling muss och manner konventionellen Offall traitéiert ginn an et gi manner Zäregaser ausgestouss.[2],[3] Recycling ass en wichtegen Deel vun der moderner Offallwirtschaft.[4]

Zu den ënnerschiddleche Materialien, déi recycléiert kënne ginn, ziele Glas, Pabeier, Plastik, Metall a verschidden elektronesch Komponenten. De Kompost, also d'Neesbenotze vu biodegradablem Offall, gëllt och als eng Form vu Recyclage. D'Materialien, déi recycléiert solle ginn, ginn entweeder an e Recyclingzenter transportéiert oder vun Dier zu Dier ofgeholl an duerno getrennt, gebotzt an als neit Material fir Industrieprodukter neiopbereet.

An der Theorie gëtt beim Recycling vun engem Material en identescht Material am Réizoustand produzéiert; zum Beispill gëtt benotzte Schreifpabeier an neie Schreifpabeier ëmgewandelt, oder aus alem Polystyrolschaum gëtt neie Polystyrolschaum gemaach. An der Realitéit ass et awer generell méi komplex oder méi deier et Material a genee der selwechter Form ze recycléieren amplaz et nei ze produzéieren. Dofir gëtt dat recycléiert Material dacks an anere Produiten erëmbenotzt. Esou ka Pabeier zum Beispill a Kartong konvertéiert ginn. Eng aner Form vu Recycling ass d'Trennung an d'Asammle vun den Eenzelkomponente vu komplexe Produkter, entweeder well déi eppes wäert sinn (wéi d'Gold an de Computeren oder de Bläi an den Autosbatterien), oder well se schiedlech fir de Mënsch sinn (dofir gëtt d'Quecksëlwer aus ville Produkter geholl).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Recycling – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. actu-environnement.com: Le rôle du recyclage dans le développement d'une économie verte (9. Dezember 2011)
  2. "Green"-Blog op The New York Times: E.P.A. Report Suggests Waste Reduction and Recycling Reduces CO2 Emissions (21. September 2009)
  3. United States Environmental Protection Agency: Reducing Greenhouse Gas Emissions through Recycling and Composting (Mee 2011)
  4. Umweltbundesamt: Abfall- und Kreislaufwirtschaft (gekuckt de 6. Mee 2017)