Red Sappers Baseball Team

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Red sappers)
Red Sappers
Red Sappers
Offiziellen Numm: Red Sappers Baseball Team
Veräinsfaarwen: Wäiss-Rout
Grënnung: 2006
President: Marc Wagner
Trainer: Ricardo Fermin
Liga: Südwestdeutscher Baseball-
und Softballverband e. V.

BSFL - Luxembourg Baseball Championship

D'Red Sappers Baseball Team, A.s.b.l., kuerz Red Sappers oder Red Sappers Diddeleng genannt, ass e lëtzebuergesche Baseballveräi mat Sëtz zu Diddeleng.

Historique[änneren | Quelltext änneren]

De Club gouf 2006 gegrënnt.

Enn 2007 gouf de Veräin an de Südwestdeutscher Baseball- und Softball Verband e. V. opgeholl.

Comité[änneren | Quelltext änneren]

  • President: Marc Wagner
  • Vizepresident: Sam Fisch
  • Sekretär: Coryse Bands
  • Tresorier: Coryse Bands
  • Memberen: Chris Roderes, Christoph Kühnemund[1], Charel Strock

Terraine vum Veräin[änneren | Quelltext änneren]

D'Red Sappers vun Diddeleng trainéiere vum Fréijoer bis an den Hierscht, mëttwochs (20h) a freides (20h30), Kanner samschdes (10h), um Terrain 4 vum Stade Aloyse Meyer (den Terrain vum fréiere Foussballclub CS Stade Dudelange). De Klub huet trotz verschidde Beméiunge bis elo nach keen eegenen Terrain a spillt seng Heemmatcher ë. a. zu Tréier (D) oder Argancy (F).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  1. Red Sappers Dudelange, Nr. 76, facebook.com