Reinhardt Vincent von Hompesch

Vu Wikipedia
Reinhardt Vincent von Hompesch
Gebuer 1660
Gestuerwen 20. Januar 1733
Nationalitéit Holland, Däitschland
Aktivitéit Militär

De Reinhard Vincent Graf von Hompesch, gebuer 1660, a gestuerwen den 20. Januar 1733, war en hollännesche Generol a Gouverneur vu Lëtzebuerg.

Seng Eltere waren de Johann Dietrich II. von Hompesch zu Bollheim und Rurich an deem seng Fra d'Anna Louisa von Ketzgen.[1],[2]

Hie gouf 1691 zum Majouer an der Kavaleries-Garde ernannt, a 1701 zum Generolmajouer. Hien huet am Spueneschen Ierffollegkrich 1703 an der Schluecht bei Eeckeren, 1704 bei Höchstädt gekämpft, a krut dunn, mam Noyelles, vum John Churchill, 1. Herzog vu Marlborough, den ieweschte Kommnado am Raum Tréier. Hien huet Tréier befestege gelooss a Saarbrécken besat.

1704 gouf e Kommandant vu Grave, 1705 und 1706 hat hien de Kommando laanscht d'Meuse. 1706 huet de Keeser Joseph I. e mat enger Ernennung zum Grof belount.

1708 war hie bei der Schluecht bei Oudenaarde mat dobäi, a 1709 bei där vu Malplaquet. Am Juli 1710 gouf hie Gouverneur vun Douai.

Den 29. Juli 1712 gouf e bei enge Feldzuch bei Marchiennes vun de Fransouse gefaange geholl[3].

1713 gouf e Gouverneur vu Lëtzebuerg, 1714 Gouverneur vun Namouer, a 1718 vun 's-Hertogenbosch (bis zu sengem Doud 1733). Do huet hie sech d'Schlass Stevensweert kaaft.

Am Abrëll 1723 gouf hien zum Generol vun der Kavallerie ernannt.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Leopold Zedlitz: Neues preussisches Adels-lexicon Digitalisat
  2. Johann Samuel Ersch:Allgemeine encyclopädie der wissenschaften und künste, Digitalisat
  3. François de Salignac de La Mothe; Correspondance de Fenelon. S. 212 Digitalisat

Um Spwaweck[änneren | Quelltext änneren]