Revolverheld

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Revolverheld (Band))
Revolverheld
Grënnung: 2002
Grënnungsplaz: Hamburg, Däitschland
Genre: Pop-Rock
Website: www.revolverheld.net
Memberen
Gesank: Johannes Strate
Gittar, Gesank: Kristoffer Hünecke
Gittar, Gesank: Niels Grötsch
Batterie: Jakob Sinn
Bass-Gittar: Florian Speer
(2002–2012)

Revolverheld ass eng däitsch Rockband. Se gouf am Summer 2002 zu Hamburg ënner dem Numm Manga gegrënnt. Am Hierscht 2004 huet se sech an Tsunamikillers ëmbenannt. Kuerz nom Tsunami um Enn vum Joer 2004 a Südostasien huet se sech dunn den aktuellen Numm ginn.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Frontmann Johannes Strate um Concert an der Aler Seeërei zu Dikrech
Um Zelt-Musik-Festival, 2015 Freiburg im Breisgau
De Johannes Strate (2015)

De Revolverhelden hir Carrière huet als Support-Act vun den Donots, Silbermond an dem Udo Lindenberg ugefaangen. Se waren och d'Virgrupp vun Die Happy. Duerch den Titel Rock'n'Roll goufen déi éischt Radiosender op se opmierksam. 2004 si se an d'Popakademie vu Baden-Württemberg opgeholl ginn, wou se och e Coachingprogramm kruten. Am selwechte Joer huet d'Zesummenaarbecht mat hirem spéidere Manager, dem Sascha Stadler ugefaangen. Am Februar 2005 hu se e Plackecontract bei Sony BMG Music Entertainment ënnerschriwwen.

Hir éischt Single, Generation Rock, ass am Juni 2005 erauskomm an ass och direkt an den däitschen Charts gelant. Zesumme mam Produzent Clemens Matznick ass den Debutalbum Revolverheld entstanen, deen am September 2005 erauskoum. Déi zweet Single-Auskopplung, d'Rockballad Die Welt steht still, huet et an der éischter Woch direkt op Plaz 16 vun den däitschen Charts gepackt.

Den 3. Februar ass déi drëtt Auskopplung erauskomm. Mat Freunde bleiben hu se beim Bundesvision Song Contest déi zweet Plaz beluecht. Revolverheld huet de 7. Dezember 2006, no engem Internetvoting, de Musekspräis Eins Live Krone als "Bester Newcomer 2006" mat 41,1 % vun de Stëmme gewonnen.

De 25. Mee 2007 ass den Album Chaostheorie erauskomm. Déi éischt Singleauskopplung Ich werd die Welt verändern gouf de 27. Abrëll verëffentlecht.

Revolverheld zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Studiosalbumen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Titel Classement
DE AT CH
2005 Revolverheld 7
(42 Wo.)
27
(19 Wo.)
2007 Chaostheorie 3
(15 Wo.)
17
(4 Wo.)
2010 In Farbe 6
(34 Wo.)
24
(3 Wo.)
2013 Immer in Bewegung 9
(98 Wo.)
3
(43 Wo.)
82
(5 Wo.)

Singelen[änneren | Quelltext änneren]

Joer Titel
Album
Classement
DE AT CH
2005 Generation Rock
Revolverheld
58
(9 Wo.)
Die Welt steht still
Revolverheld
16
(11 Wo.)
44
(10 Wo.)
2006 Freunde bleiben
Revolverheld
14
(14 Wo.)
13
(15 Wo.)
51
(4 Wo.)
Mit dir chill'n
Revolverheld
17
(13 Wo.)
27
(11 Wo.)
2007 Ich werd die Welt verändern
Chaostheorie
21
(9 Wo.)
68
(2 Wo.)
Du explodierst
Chaostheorie
70
(1 Wo.)
Unzertrennlich
Chaostheorie
45
(9 Wo.)
2008 Helden 2008
Chaostheorie
2
(11 Wo.)
57
(1 Wo.)
2010 Spinner
In Farbe
13
(19 Wo.)
69
(2 Wo.)
Keine Liebeslieder
In Farbe
74
(2 Wo.)
Halt dich an mir fest
In Farbe
8
(49 Wo.)
21
(31 Wo.)
40
(4 Wo.)
2013 Das kann uns keiner nehmen
Immer in Bewegung
10
(19 Wo.)
51
(4 Wo.)
2014 Ich lass für dich das Licht an
Immer in Bewegung
7
(53 Wo.)
3
(37 Wo.)
48
(1 Wo.)
Lass uns gehen
Immer in Bewegung
4
(35 Wo.)
39
(7 Wo.)
2015 Deine Nähe tut mir weh
Immer in Bewegung
88
(1 Wo.)

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • 2003:
OXMOX-Bandcontest – Drëtten
  • 2006:
Bravo Otto – Bronz fir Band Rock
1Live Krone – Beschten Newcomer
  • 2007:
Live Entertainment Award – FKP Scorpio/Extratours/Revolverheld Bescht Club-Tournee
  • 2011:
Radio Regenbogen Award – Duett (Halt dich an mir fest)
Comet – Beschte Liveact
  • 2014:
Bundesvision Song Contest 2014 – Gewënner mat Lass uns gehen
MTV Europe Music Awards 2014 – Best German Act
  • 2015:
ECHO Pop - Bescht national Grupp Rock/Pop

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]