Richard Bowdler Sharpe
Richard Bowdler Sharpe | |
---|---|
Gebuer | 22. November 1847 |
Gestuerwen |
25. Dezember 1909 Chiswick |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Aktivitéit | Ornitholog, Zoolog, Bibliothecaire |
De Richard Bowdler Sharpe, gebuer den 22. November 1847 zu London, a gestuerwen de 25. Dezember 1909) war en engleschen Zoolog an Ornitholog.
Säi Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Sharpe huet zu Brighton, Peterborough an Loughborough studéiert. Am Alter vu 16 Joer huet hie fir Smith & Sons zu London geschafft. Am Joer 1864 huet hie mat sengem éischten ornithologesche Wierk ugefaangen, dem Monograph of the Kingfishers (1868-1871).
Op de Virschlag vum Osbert Salvin an Philip Lutley Sclater gouf hien 1867 Bibliothecaire vun der Zoological Society of London. Nom Doud vum George Robert Gray gouf hien 1872 Senior Assistant am Brittesche Musée zu London an huet et sech zur Aufgab gemaach eng Vullekollektioun hierzestellen. 1895 gouf hie Conservateursassistent a war dat bis zu sengem Doud, am Joer 1909. Hien as un enger Longenentzündung gestuerwen.
De Sharpe huet 1892 den British Ornithologists' Club gegrënnt. Des Weideren huet hien 13,5 vun am Ganzen 27 Bänn vum Catalogue of the Birds in the British Museum (1874-1898) geschriwwen.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Catalogue of the Accipitres, or diurnal birds of prey, in the collection of the British Museum. (1874).
- Catalogue of the Striges, or nocturnal birds of prey, in the collection of the British museum. (1875).
- Catalogue of the Passeriformes, or perching birds, in the collection of the British museum. Coliomorphae... (1877).
- Catalogue of the Passeriformes, or perching birds, in the collection of the British museum. Cichlomorphae, pt.I... (1879).
- Catalogue of the Passeriformes, or perching birds, in the collection of the British museum. Cichlomorphae, pt.III-[IV]... (1881-83).
- Catalogue of the Passeriformes, or perching birds, in the collection of the British museum. Fringilliformes, pt.I... (1885).
- A monograph of the Hirundinidae, (1894).
- A Monograph of The Alcedinidae, or Family of Kingfishers (1868 - 1871).
- Catalogue of the Passeriformes, or perching birds, in the collection of the British museum. Fringilliformes, pt.III... (1888).
- Catalogue of the Passeriformes, or perching birds, in the collection of the British museum. Sturniformes... (1890).
- Catalogue of the Picariae in the collection of the British museum. Coraciae... (1892).
- Catalogue of the Fulicariae... and Alectorides... in the collection of the British museum. (1894).
- Catalogue of the Limicolae in the collection of the British museum. (1896).
- Catalogue of the Plataleae, Herodiones, Steganopodes, Pygopodes, Alcae, and Impennes in the collection of the British museum. (1898).
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Mullens & Swann - A Bibliography of British Ornithology (1917)
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Richard Bowdler Sharpe – Biller, Videoen oder Audiodateien |